Pandémie Corona Virus

Courrier envoyé le 31 mars 2020 à tous les Membres APTR asbl

Léiw APTR Memberen,

E Wuert vum Comité an e klenge Message vir Iech an enger nach ni esou erliefter Situatioun.

Haut, um Dënschden 31. Mäerz war ons dësjäreg Generalversammlung geplangt, mir hunn se missen duerch di aktuell Bedéngungen ofsoen awer mir hoffen dass et geschwënn eng Méiglechkeet gëtt vir Iech en neien Datum ze proposéieren.

Mir wëllen Iech awer och froen des Situatioun mat Courage an solidareschen APTR Zesummenhalt unzegoen well d’Saison 2020 gesäit jo am Moment net méi esou villverspriechend aus. No all deenen Ofsoen kënnt awer erëm eng Zäit wou d’Touristen reesen wäerten, eventuell dann méi nobäi an méi an d’Natur well bei dëser Kriss huet jiddereen gemierkt ewéi wichteg de Faktor vun der Platz an vum Land ass (hei ass ären “tourisme rural” am Virdeel, vis a vis vun klengen an enken Strukturen an de Stied!).

D’Prioritéit ass an deenen nächste Wochen nëmmen un éischter Stell d’Gesondheet an dofir froen mir Iech momentan doraus äert Haaptuleies ze maachen, alles anescht arrangéiert sech mat der Zäit.

D’Projet’en (3o Joer vun ärer Associatioun esou ewéi d’Generalversammlung vun Eurogìtes 2021 an de Conveniat vun den APTR Grënnungsmemberen 1991 a.s.w.) wäerten mir der Entwécklung gemäss am A behalen an och är Interesse beim Tourismus-Ministère bleiwen vir ons aktuell (mir hunn schonns bei der helpline nogefrot wei et mat der Ënnerstëtzung & Aide ausgesäit vir ons Independant/APTR Gîte Besëtzer). Hei wier elo jo emol de Moment vir den APTR Klassement ze markéieren vis a vis vun nëmmen zum Beispill “airbnb” Bedreiwer – mir informéieren Iech esou bal ewéi mir Bescheed wëssen.

Versuergt Iech an är Famill beschtens an mir waarden ob e neie Start an der 2ter Hallschent 2020 mat enger neier Dynamik vir dat nächste Joer.

Mat Vitaminn C & D schécken mir Iech ons beschte Gréiss an wënschen Iech elo schonns eng gesond Ouschterzaït.

Alles Guddes

Äre Comité

PERTE DE REVENU

Courrier envoyé le 31 mars 2020 à tous les Membres APTR asbl

Léiw APTR Memberen,

E Wuert vum Här Limpach betreffend

PERTE DE REVENU

Den APTR huet beim Ministère nogefrot ob eng “Aide” an iergend enger Form méiglech ass oder virgesinn ass.

D’Gîten sinn jo nach op an duerfen Leit unhuelen & logéieren, sie kënnen sech mellen um 8002 8080 vir Leit aus dem Gesondheetssecteur ze logéieren.

Vir eng Aide vun 5.000 € ze kréien sinn folgend Bedingungen um Site https://meco.gouvernement.lu/fr.html matzedeelen:

Nummer vun hirer Autorisatioun d’Etablissement & TVA.

1 Persoun déi ugemëllt ass (och wann et de Patron ass).

E Chiffer d‘Affaire vun 15.000.- Euro als Revenu locatif am Joer 2018 bei de Steieren deklaréiert huet.

All weider Infoen ënner http://www.guichet.lu

Dat ass de Stand vun haut ...

* * * * * * * * * * * * * * * *

L'APTR a demandé auprès du Ministère si une "aide" est possible ou envisageable sous quelque forme que ce soit.

Les Gîtes sont toujours ouverts et peuvent accepter des personnes, ils peuvent s'inscrire au 8002 8080 pour loger des personnes du secteur de la santé.

Pour recevoir une aide de 5 000 €, il faut déclarer les informations suivantes sur le site https://meco.gouvernement.lu/fr.html :

Numéro de l’Autorisation d’Établissement et numéro de TVA.

1 personne inscrite (même si c'est le propriétaire).

Un chiffre d’affaires de 15 000 € déclaré en 2018 auprès des Impôts.

Toutes les informations complémentaires sous http://www.guichet.lu

Ce sont les informations à ce jour ...